Dateschutzbestëmmungen
Versioun 2014-04-02
Präambel: De Prinzip
Är Donnéeë gehéieren Iech! Bei 'GettGemaach.lu' huele mer den Dateschutz ganz eescht! De Benotzer kann zu all Moment entscheeden, wéi eng Donnéeën en iwwert sech selwer u gëtt, a wéi eng net. D'Donnéeë ginn nëmmen do benotzt, wou et néideg ass, respektiv wou hier Verwenndung de Benotzer eng zousätzlech Valeur bréngt. Op kee Fall ginn d'Donnéeën un anerer weider gi respektiv verkaaft, net elo an och net an Zukunft.
Astelle vun Donnéeë
Wann e Benotzer e Konto uleet, muss en minimal en Benotzernumm an eng Email-Adress uginn. Hie kritt dann an enger Mail eng ID matgedeelt. Des ID ass déi eenzeg Donnéeë, déi net ëmgeännert ka ginn.
Op der Profil-Säit kann de Benotzer nach weider Donnéeën uginn. Verschidde vun dësen Donnéeë sinn néideg, fir dat de Site sënnvoll benotzt ka ginn: sou kënnen nëmme Mailen verschéckt gi, wann eng gülteg Email-Adress uginn ass. Aner Donnéeë, wéi d'Geschlecht, sinn net onbedéngt néideg a kënnen ewechgelooss ginn, allerdéngs ass de Site (oder awer Mailen, déi geschéckt ginn) da manner perséinlech.
Bei kommerzielle Clienten (also Geschäftsleit, déi hier Wueren an Déngschtleeschtung um Site presentéieren) sinn des Bestëmmungen e bësse méi restriktiv: sou kënnen se hire Nick net ëmänneren, a mussen och eng Adress uginn.
Ëmännere vun Donnéeë
De Benotzer kann zu all Moment seng Donnéeë kucken an och ëmänneren.
Fir privat Benotzer gëllt, dat all Donnéeën ëmgeännert kënne ginn, ausser der ID. Dëst ass eng Zuel, déi de Benotzer bei der Umeldung kritt, an déi en och ëmmer behält. All aner Donnéeën, esou guer de Nick (also de Numm, deen een hëlt, fir sech un ze mellen), kënne belibeg ëmgeännert ginn.
Kommerziell Benotzer musse verschidden Donnéeën uginn. Am spezielle kënnen se net selwer hiren Nick ëmänneren (op Ufro kann dëst awer a berechtegte Fäll vun 'Um Plaakert' manuell gemaach ginn).
Läsche vun Donnéeë
De Benotzer kann zu all Moment en Deel vun oder all seng Donnéeë läschen. Et ass allerdéngs esou, dat verschidde Funktiounen net méi richteg fonctionnéieren, wa wichteg Date feelen.
Passwuert
De Benotzer ass selwer derfir verantwortlech, dat séi Passwuert sécher a komplizéiert genuch ass. Säi Passwuert ass och vun him selwer als confidentiel un ze gesinn. Hien ass selwer responsabel, wann et vun engem Drëtte mëssbraucht gëtt. D'Passwuert selwer gëtt net bei 'GettGemaach.lu' ofgespäichert, nëmmen eng verschlësselte Versioun, déi net entschlësselt ka ginn.
Confidentialitéit
All Donnéeën, déi de Benotzer u gëtt, gi confidentiel behandelt. Keng Donnéeë ginn un aner Persoune weiderginn, wann dëst net am Kader vum Site senge Funktiounen néideg respektiv ubruecht ass. Sou gëtt z.B. d'Adress vun enger Privatpersoun, déi eppes ubitt, eréischt un e Keefer weider ginn, wann de Verkeefer den Deal ugeholl huet.
Eventuell Marketing-Aktiounen um Site selwer sinn fir den Empfänger fakultativ: a sengem Profil (oder beim Bestellen vun engem Artikel) kann en u ginn, dat en keng Mailen oder ähnleches wëll kréien.
Op kee Fall ginn Donnéeën un Drëtt-Persounen, wéi z.B. Marketing-Agence weider ginn.
Déi eenzeg Ausnam vir d'Weiderginn ass do, wou d'Lëtzebuerger Legislatioun virgesäit, dat Donnéeë mussen un ëffentlech Instanze matgedeelt ginn.
Responsabilitéit
All Benotzer ass selwer verantwortlech derfir, dass seng Donnéeën, wann en se u gëtt, richteg sinn. Kee Benotzer dierf falsch Donnéeën uginn: sou ass et zum Beispill net erlaabt, sech fir en Aneren aus ze ginn, oder awer Markerechter ze mëssbrauchen.
Sécherheet vun den Donnéeë
All Donnéeë sinn nëmmen iwwert de Site accessibel, net iwwert soss eng Schnëttstell (API).
Et gëtt e regelméissege Backup vun den Donnéeë gemaach, dëst fir am Fall vun technesche Problemer erëm kënne weider ze schaffen. Am Fall, wou des al Donnéeë musse benotzt ginn, ginn all Benotzer um Site doriwwer informéiert, a mussen dann eventuell rezent Ëmännerungen nach eng Kéier maachen. 'GettGemaach.lu' mécht dat Méiglechst, fir dat méiglecht nei Donnéeë benotzt ginn.
All Sécherheetskopie gi mat deem selwechter Soin wéi déi aktuell Donnéeë behandelt.
Logg-Fichiere
All Trafic um Site gëtt a sougenannte Logg-Fichieren dokumentéiert. Des Donnéeë sinn anonym, a ginn nëmmen ausgewäert, fir de Funktionnement vum Site ze garantéieren, respektiv ze optimiséieren. Et gi keng Analyse vun den Donnéeë vir Marketing-Zwecker gemaach, an des Logg-Fichiere ginn och net un Drëttpersoune weider ginn.
Cookie
De Site benotzt genee een (1) Cookie. An deem gëtt ofgespäichert, dat en ageloggt ass: datt heescht, seng Kontonummer, d'Sprooch, seng Ip an eng Zoufallszuel, déi seng momentan Sessioun (séin Login) identifizéiert, gi vu sengem Browser gehalen an all Kéiers un GeetGemaach.lu geschéckt, wann de Benotzer eppes um Site mécht. De Cookie gëtt nëmme benotzt, fir sécher ze sinn, dat de Benotzer ugemellt ass, e gëtt ni benotzt, fir aner Informatiounen ze sammelen.
De Cookie ass maximal 1 Dag gëlteg,.
Ouni Cookie funktionéiert de Site net komplett, all Funktiounen, fir déi de Benotzer ugemellt muss si ginn dann net.
Ännerunge vun dëse Bestëmmunge
Wann des Bestëmmungen änneren, gëtt de Benotzer entweder via Email, oder awer iwwert e Message, wann en sech umellt, doriwwer a Kenntnes gesat. Hie kann da seng Donnéeën änneren oder läschen. Déi al Bestëmmunge bleiwen ob all Fall bestoen, bis dat de Benotzer iwwert d'Ëmännerung informéiert ginn ass.